Schluss mam Tabu
-
Date & heure -
gratuit
Prix -
Bierger-a Kulturhaus,
Lieu
Administration Communale
1, place des Villes Jumelées
L-5627 Mondorf-les-Bains -
LU
Langue de l'évènement
Menopause – Schluss mam Tabu
Konferenz an Diskussioun mat Lëtz Menopause
Organiséiert vun der Gemeng Munneref, an Zesummenaarbecht mat der Commission Cohésion sociale, égalité des chances, 3e âge et jeunesse.
D'Menopause ass eng natierlech an onvermeidbar Phas am Liewe vun enger Fra. Déi hormonell Verännerunge kënne sech op vill verschidde Beräicher auswierken – op déi kierperlech a mental Gesondheet, d'Liewensqualitéit, d'Familljeliewen an och op de Beruff.
Trotzdeem ass d'Menopause nach ëmmer mat villen Tabue verbonnen. Symptomer wéi Hëtzewallungen, Schlofstéierungen, Middegkeet, Reizbarkeet, Konzentratiounsschwieregkeeten oder Gelenkschmäerze ginn dacks ënnerschat, net erkannt oder net mat de hormonelle Verännerungen a Verbindung bruecht.
Lëtz Menopause asbl invitéiert dozou, d'Menopause besser ze verstoen, iwwer hir villfälteg Auswierkungen ze schwätzen an ze entdecken, wéi Fraen an dëser Liewensphas besser ënnerstëtzt kënne ginn.
D'Konferenz bitt och d'Geleeënheet, Froen ze stellen an an den Austausch ze kommen.
Praktesch Informatiounen
Datum: Dënschdeg, 10. November 2026
Auerzäit: Accueil: 18:30 Auer Ufank: 19:00 Auer
Sprooch: Lëtzebuergesch
Entrée: Gratis
Umeldung: Telefonësch: 23 60 55 54 oder mail